Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Europawahlen: D'Entwécklung vum Europaparlament

Mat der Grënnung vun der Europäescher Gemeinschaft fir Kuel a Stol am Joer 1952 stoung um Ufank eng Versammlung vun 78 Parlamentarier. Dës Versammlung hat just eng konsultativ Funktioun a Kontrollrechter vis-à-vis vum Rot a vun der Kommissioun. Nom Traité vu Lissabon am Joer 2007 ass haut d'Europaparlament nieft dem Rot Matdecideur vun europäesche Gesetzestexter. 

Rezent Emissiounen

  • Laanscht d'Mier entdeckt: Westafrika

    All Waasser leeft an d'Mier, mee d'Mier gëtt doduerch net méi voll.

  • Um Radar

    D'Firma Luxspace vu Betzder iwwerwaacht weltwäit d'Schëffer op den Ozeanen.

  • Kee juristescht No-Mans-Land

    Och um Mier ginn et gesetzlech Spillregelen. Zum Beispill den Droit de la mer.

  • Net nëmmen op d'belsch Plage

    D'belsch Plage ass nach ëmmer eng vun de beléiftste Reesdestinatioune vun de Lëtzebuerger. Mee wou geet d'Rees soss nach hin?

  • Gëschter an haut

    Geschicht an Entwécklung vum Pavillon Maritime. Vun den Ufanksjore bis haut beliichte mir d'Präsenz vu Lëtzebuerg op den Ozeaner.

  • Canale grande

    De Projet vum Canal de Meuse et Moselle. Ugangs vum 19te Joerhonnert geplangt, blouf de Projet nëmmen Theorie.

  • Um Waasser ënnert dem Roude Léiw

    De lëtzebuerger Pavillon Maritime, seng Vocatioun, seng Aufgaben a Responsabilitéiten.

  • Ënner Waasser

    An der Periode vum Jura war Guttland an de Minette vu Lëtzebuerg komplett iwwerschwemmt.

  • Mee '18

    50 Joer no de Studente-Protester zu Paräis - wéi politesch ass de Student vun haut?

  • Revolutioun am Klassesall?

    Am Mee 68 huet nach ëmmer den Disziplinar-Reglement d'Liewe vun de Schüler bestëmmt.

  • Non-Event Mee '68

    Journalistesch gesi war de Mee '68 hei am Land keen Evenement. An den Zeitunge gouf wéineg doriwwer geschriwwen. 

  • My name is Luca

    LUCA, de Luxembourg Center for Architecture offréiert eng interaktiv Plattform a Saachen Architektur vum 20. Joerhonnert.

  • Ënnerwee mam geschriwwene Wuert

    Den 23te Abrëll ass a ville Länner de Welt-Dag vum Buch. Mir kucken hannert d'Kuliss vum Centre national de littérature zu Miersch.

  • Denkmalschutz versus nohalteg Entwécklung?

    Wéi ee Stellewäert huet den Denkmalschutz ouni dat entspriechend Gesetz?

  • Ënnerierdesch: Lëtzebuerger Geschicht am Parking

    De Patrimoine hei am Land huet vill Facetten. Elo wäert geschwënn eng weider derbäi kommen. Wann nämlech d'Archiv-Gesetz gestëmmt gëtt.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen