Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.
Déjà Vu

Neneh Cherry - Raw Like Sushi
"Raw Like Suhsi" capturéiert ganz gutt den Esprit vun de spéiden 80er Joren. Hip Hop war fresh a gouf mat allem fusionéiert. Mat Jazz, wéi 83 scho vum Herbie Hancock op "Future Shock", oder 86 vum Miles Davis op "Tutu" oder mat Rock, wéi bei de Red Hot Chili Peppers oder de Beastie Boys. Mat Acts wéi "Salt n Pepa" huet den Hip Hop säi Wee an de Mainstream Pop fonnt. Interessanterweis schénge weiblech Rapperinnen et méi einfach gehat hu fir an d'Charts ze kommen. Och d'Neneh Cherry ass op där Well gesurfed.
Rezent Emissiounen
-
The Lamb Lies Down On Broadway / Genesis
Enn November 1974 kënnt de komplexen Duebelalbum vun den Englänner eraus - déi lescht Zesummenaarbecht tëschent der Band an hirem charismatesche Frontmann a Sänger Peter Gabriel.
-
Thin Lizzy - Nightlife
D'Rocker vun Dublin si méi zam op hirem 74er Album.
-
Brian Eno - Taking Tiger Mountain (By Strategy)
De geschéckten Englänner knabbert mat Konzept a gelungener Strategie u Pop Strukturen.
-
Ballad of Easy Rider / The Byrds
Vum Kult profitéieren
-
Pentangle - Basket of Light
Eng aner Zort britesche Folk
-
Shuggie Otis - Inspiration Information
Groove, Charme a vill Zocker: den Album, dee 74 senger Carrière en Enn gesat huet.
-
Led Zeppelin 2
Viru genee 50 Joer koum en eraus: den zweete Release vun der Band (Oktober 1969) a war de Startschoss fir eng international Carrière sonnergläichen.
-
Gene Clark - No Other
Déck produzéierte 70er Country Rock vum fréiere Byrds Member
-
Janis Joplin - I've Got Dem Ol' Kozmic Blues Again Mama!
The voice
-
Nick Drake - Five Leaves Left
Den exzeptionellen Debut vum enigmatesche Folk-Museker
-
Chicago
Déi 5 Deeler vun Chicago an engem Saz ...
-
Bob Dylan - Slow Train Coming (August 1974)
Sing Hallelujah! De Bob Dylan betrëtt Neiland ... d'Welt entdeckt e reliéise Museker, deen iwwer Jesus an d'Bibel séngt.
-
Red Hot Chili Peppers - Mother's Milk
1989 hunn d'Red Hot Chili Peppers Mammemëllëch fir hiren neie Gittarist gebraut: den deemols grad 19 Joer alen John Fusciante.
-
Minnie Riperton - Perfect Angel
Séiss Soul Musek vun der Rotary Connection Frontfra, produzéiert vum Stevie Wonder.
-
DEVO - Duty Now For the Future
Endlech: D'Wourecht iwwer De-Evolutioun!
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen