Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Thema vum Mount: Glawen

Nach bis an de Mount Juni eran ass am Geschichtsmusée an der rue du Saint Esprit eng Ausstellung ze gesinn, déi “Glaubenssache” iwwerschriwwen ass. Eng Ausstellung fir Gleeweger a Netgleeweger. Lëtzebuerg ass e kathoulescht Land. 80 Prozent vun de Leit, déi hei liewen si kathoulesch, soen d’Statistiken. Wéi awer denken d’Leit hautdësdaags allgemeng iwwer Relioun a Glawen, wat bedeit Biede fir sie, oder sech zeréckzéien a mat Gott kommunizéieren oder einfach a sech ze kéieren ouni un Eppes ze gleewen. Glawe muss net ëmmer e reliéisen Hannergronn hunn. D’Angie Maquil ass där Saach nogaangen an huet de frieme Leit Froe gestallt iwwer hiere Glawen oder hir perséinlech Iwwerleeungen dozou. Invité am Studio ass och de Psychoanalyst Thierry Simonelli. (Rediff. um 19.30)

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen