Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

O Terno - <atrás/além>

Déi dräi Jonge vum Grupp O Terno komme vu São Paulo a musizéieren zanter 2009 mateneen. Hiren Numm heescht De Kostüm, an hirer Musek no ass et en handgeschneiderten, mat engem eleganten Design aus de 60er. Op hirem véierten Disk "<atrás​/​além>" hu si sech a punkto Orchestréierung net zeréckgehalen. Hir melodiéis a suave Lidder goufen elo mat Orchester ausgebreet. An d'Resultat ass grad esou epesch wéi intim. Den Album vun der Woch presentéiert vum Jamie Reinert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen