Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Amon Amarth

Déi schwedesch Melodic Death Metal Veterane vun Amon Amarth hunn den 10. Mee hiren eeleften Album Berserker erausbruecht. An deem Kontext huet den David Wagener mam Gittarist a Songwriter Olavi Mikkonen dierfen doriwwer schwätzen, wéi si sech als Band bei all neiem Album probéiert sech weiderzëentwéckelen a firwat si hautdesdaags net méi esou rau wéi fréier a méi poléiert a poppeg kléngen. Dobäi huet hien och verroden, datt d'Band Enn des Joers zeréck op Lëtzebuerg kënnt.

Playlist

  1. Obituary - Find The Arise
  2. Hate - Sovereign Sanctity
  3. Majestica - Night Call Girl
  4. Gloryhammer - The Siege Of Dunkelfeld (In Hoots We Trust)
  5. Amon Amarth - Raven's Flight
  6. Amon Amarth - Crack The Sky
  7. Possessed - Graven
  8. Exumer - King's End
  9. Victims - The Sea And Poison
  10. Demons & Wizards - Fiddler On The Green

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen