Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

D'Beethoven-Nokommen zu Bonn © Frommann/O.Hörl/VG-Bildkunst

D'Nokomme vum Beethoven zu Bonn

Beethoven ass e bekannten awer kee geleefegen Numm. E Genealog huet eng ronn 50 Leit fonnt, déi nach iwwert dem Beethoven seng Bridder mam Komponist Famill sinn. D'Famill Beethoven huet hir Wuerzelen an der Géigend vu Mechelen an der Belsch, wou den Numm haut nach präsent ass. D'Nokomme waren op Invitatioun vun der Initiativ "Bürger für Beethoven" zu Bonn.

 

Rezent Emissiounen

  • Christmas Carols

    Concerten mat Les Amis du Chant, dem Luxembourg Brass Ensemble, dem Organist Laurent Felten an der Pianistin Lynn Orazi

  • Kammermusek am Schlass

    Zu Buerglënster proposéieren de Philippe Koch, d'Maria Kliegel an d'Laetitia Bougnol Wierker vu Grieg, Vieuxtemps a Schostakowitsch.

  • Best Export Artist of the Year - Klassik

    De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg huet 2019 18 Concerten am Ausland gespillt.

  • Kompositiounenvu Schubert a Rossini

    De radio 100,7 iwwerdréit de Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg muer den Owend (12.12.2019) live.

  • La famille Bach

    D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher an den Cellist Stephan Schultz proposéieren e kommentéierte Concert ronderëm d'Famill Bach.

  • Oratorio de Noël

    Chrëschtconcert mam Madrigal de Luxembourg, de 14. a 15. Dezember 2019

  • "Von Sinnen"

    De MoselMusikFestival 2020

  • Nei Kompositioune gesicht

    De Kulturministère schreift aacht nei Wierker fir d'Saison 2020/21 aus.

  • Mat der 3. Symphonie an d'Charts

    De 6. Dezember 1933 gëtt de polnesche Komponist Henryk Gorecki gebuer.

  • Wat kann Phil27?

    D'App vun der Philharmonie fir Jonker ënner 27 Joer 

  • De Fall Mozart

    De 5. Dezember 1791 stierft de Wolfgang Amadeus Mozart. En Doud, dee fir immens vill Spekulatioune gesuergt huet.

  • D'Gewënnerin vum Concours Reine Elisabeth 2019

    D'Geiistin Stella Chen spillt den Owend (5.12.2019) zesummen mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

  • A CAPE'LLA

    De Festival ronderëm d'Stëmm geet mat Beatboxing, Jazz, Folk, Pop a Klassik a seng drëtt Editioun.

  • 4 Sträicher an eng Klarinett

    Concert-apéritif mat Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (8.12.2019)

  • Eng aussergewéinlech Akkordeonistin

    Am Gespréich mat der Anne-Maria Hölscher 

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen