Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Virgezunnen Neiwahlen a Griichenland

A Griichenland huet d'Regierungspartei Syriza bei den Europawahlen esou schlecht ofgeschnidden, datt de Premier Alexis Tsipras virgezunnen Neiwahlen annoncéiert huet. Amplaz eréischt am Hierscht wielen d'Griichen elo also schonn de 7. Juli e neit Parlament. An dee Moment ass dann och e Regierungs-Wiessel méiglech. Mee wéi ass et dozou komm, datt d'Syriza, déi de Griichen als Hoffnungsträger gegollt huet, an nëmmen e puer Joer esou u Glanz verluer huet? A wat bedeit e Regierungswiessel an Griichenland an der Praxis? Doriwwer schwätze mir elo mat eiser Athen-Korrespondentin Alkyone Karamanolis.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - Marc Rettel

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen