Ass dat do nach Jazz?
Jazz ass hautdesdaags alles wat lieweg, opgereegt a frësch kléngt. D'Grenzen an d'Tiräng verschwanne lues a lues. Vun de Grondingrediente bleift haaptsächlech nach d'Improvisatioun iwwereg.
De Pit Dahm an de Pol Belardi presentéieren den Jazz an all sengen Zoustänn, vu senger Urgestalt zu New Orleans bis zum moderne Gewand vu senge villen Derivater, sief et Funk, Groove, Hip-Hop, Electro, Post-Rock oder World Music.