Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!
Metal Meltdown

Per Wiberg
Den 10. Mee huet de fréiere Keyboarder vun Opeth, de Per Wiberg säin éischte Solo Album erausbruecht "Head Without Eyes". Am Gespréich mam charismatesche Schwed huet den David Wagener probéiert erauszefannen, wéi hien de Prozess vun dësem Album erlieft huet, vu datt et déi éischte Kéier war, datt de Multiinstrumentalist quasi ganz eleng geschriwwen an opgeholl huet, an ëm wat et op sengem Solowierk geet
Playlist:
- Entombed - Revel In Flesh
- Vulture - Murderous Militia
- Destrage - Hey Stranger
- Dee Snider - Tomorrow's No Concern
- Teppech B Metal MEltdown
- Per Wiberg - Pile Of Nothing
- Per Wiberg - Fader
- Firespawn - The Gallows End
- Fleshgod Apocalypse - Worship and Forget
Rezent Emissiounen
-
Assorted Nails: nei EP
Mam Bob Wintersdorff geet Rieds iwwert "Zoophisticated".
-
Whitechapel & Rage
Am Metal Meltdown gëtt et dës Woch nees zwee Reviewen: Den neien Album vu Whitechapel an deen neien Album vu Rage
-
Gojira & Dark Funeral
Am Metal Meltdown ginn dës Kéier zwee nei Albumme reviewt, an zwar deen neie vu Gojira an deen neie vun Dark Funeral.
-
Andy Rehfeldt & Candlemass
E Youtuber, deen aus Metal Lidder méi witzeg awer interessant Versioune mécht an ëmgedréit.
-
Rotten Stones Festival
D'Organisateure vum Rotten Stones Festival am Interview a Musek vun all Band, déi do spillt.
-
Elysian Gates & Korn
D'lescht Woch ware se am Studio fir selwer iwwert hiren neien Album ze schwätzen, haut schwätzt den David Wagner iwwert Crossroads vun Elysian Gates. Dat ass dës Kéier den Album vun der Woch.
-
Elysian Gates, Soulhenge a Bullet for my Valentine
Et gëtt just zwou Symphonic Metal Bands zu Lëtzebuerg an eng dovunner bréngt um 21. Mee hiren neien Album eraus. An deem Kontext sinn Elysian Gates dës Kéier dem David Wagner seng Invitéen am Metal Meltdown
-
Metal Meltdown goes Wacken Open Air 2.0
-
Metal Meltdown goes Wacken Open Air
Dës Kéier dréit sech alles ëm de Wacken. D'Highlighte vun der Editioun 2016 gi virgestallt.
-
Earthgrave, Elysian Gates & Mortal Terror
Am Metal Meltdown stellt den David Wagner iech dës Kéier eng nei Doom / Sludge Band vir a reviewt den neien Album vu Mortal Terror.
-
Metal Meltdown goes Aborted
Am Metal Meltdown gëtt et haut nach e Krack méi haart wéi soss. Haut dréit sech beim David Wagner nämlech alles ëm déi belsch Death Metal Band Aborted.
-
Sublind - 10th Beersday, Desdemonia & Otep
-
Kitshickers, We Knew John Doe & Ihsahn
E Gespréich mat de Museker aus der Lëtzebuerger alternativer Musekszeen iwwert hiren neien Album an iwwert d'Crowdfunding Campagne dofir.
-
Metalfestival Koplescht, WKJD & Amon Amarth
-
Miles to Perdition & Scarlet Anger
Miles to Perdition vertriede Lëtzebuerg dëst Joer um Musek Open Air Festival Wacken.
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen