Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Raoul Biltgen - Adam spricht

69 Abléck an d'Léift an d'Sexliewe vun de Männer bitt de Raoul Biltgen de Fraen a sengem Band "Adam spricht". All Text geet mam Saz "Liebe Frauen" un, an deem follegt dann eng Analys vum Mann an all senge Formen. Et ass awer meeschtens just eng, an dat ass déi sexuell. Ob alle Fall e Recueil, deen net just d'Fraen dierft begeeschteren, oder dach? D'Valerija Berdi huet sech op alle Fall wonnerbar amuséiert ...

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen