KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Jacques Offenbach

En däitschen Cellist reest op Paräis

Den däitsch-franséische Komponist an Cellist Jacques Offenbach war wierklech méi wéi just e Kënschtler. Hie war och e Symbol fir eng Ausernanersetzung am europäesche Kontext. Hie war e Wanderer tëschent de Welten, gefeiert a gedemütegt, als Judd, als Däitschen, als Fransous. War dem Offenbach seng Musek just Divertissement, oder stoung méi dohannert? Gebuer ass de Jacques Offenbach 1819 zu Köln. Hie reest mat sengen Elteren 1833 op Paräis, fir do ze studéieren. Hei gëtt de jonke Cellovirtuos séier zum Grënner vun der Opéra Comique an de "Boufonneries".

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen