Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

EU-Handelskommissärin am Interview

D'Promotioun vum Handel vun der EU mam Räscht vun der Welt ass eng vun de Prioritéite vun dëser Europäescher Kommissioun. Et goufe grouss Accorden ofgeschloss, wéi vrun zwee Joer dee mat Kanada, wat fir vill Diskussiounen - och zu Lëtzebuerg - gesuergt hat. Dat d'Zäite vun de grousse Manifestatiounen eriwwer sinn, freet sech d'Kommissioun, déi ee positive Bilan vun hirer Politik zitt.

Och wann net alles, esou leeft, wéi een ech dat virstellt. Wou si mer zum Beispill drun an de Verhandlungen tëscht den USA an der EU? D'Danièle Weber huet zu Bréissel mat der EU-Handels-Kommissärin Cecilia Malmström geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Nei Serie: Autoritär

    Autoritär.png

    Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen