Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Europa Aktuell

EU-politesche Réckbléck: Bleift d'Fidesz do, wou se war?
Am Europaparlament gouf et déi lescht an des Woch schonn déi éischt Reuniounen. Et geet drëm Fraktiounscheffen ze wielen, Posten ze verdeelen. An natierlech och drëms, wéi eng Koalitioune no de Wahle forméiert ginn.
Des Woch huet déi gréisst Fraktioun, déi vun der Europäescher Vollekspartei, hire Chef gewielt. An do stellt sech natierlech d'Fro. Wat geschitt mat Fidesz, der Partei vum Viktor Orban? Hir Memberschaft war jo suspendéiert ginn. Déi 13 Fidesz-Deputéiert goufen awer bis elo bei déi 176 Deputéiert vun der EVP gezielt. A si erhiewen och Uspréch op Posten am Parlament. Wéi gëtt dat Partei-intern diskutéiert? A wéi gesäit et aus mat enger grousser Fraktioun um riets-extreme Bords?
Rezent Emissiounen
-
De Leader am Klimaschutz riskéiert seng Ziler ze verfelen
Huet d'EU et verdéngt, sech de Leader am Klimaschutz ze nennen? Der Europäescher Emwelt-Agence no kéinten d'Klimaziler net erreecht ginn.
-
Mat Atomkraaft géint de Klimawandel
Atomstroum kéint hëllefen, aus der Klima-Kris erauszekommen. Éisterräich a Lëtzebuerg sinn dergéint. Mee an der EU wiist den Drock op béid Länner.
-
EU-Parlament wëll de Klima-Noutstand ausruffen
D'Europaparlament well proposéieren, den Etat d'urgence en vue vum Klima- an Emweltschutz auszeruffen. Net jiddereen ass dofir.
-
D'EU an Ungarn - Eng Relatioun déi de Moment net einfach ass
D'Majoritéit vum Europaparlament ass dovunner iwwerzeegt, datt Ungarn géint europäesch Wäerter verstéisst.
-
EU preparéiert sech op Novel Food
Een Hamburger aus Wierm oder kënstlechem Fleesch kéint scho geschwënn zu eisem Alldag gehéieren. D'EU huet schonn emol hir Gesetzer adaptéiert.
-
CO2-Steier: Een Ausgläich fir europäesch Entreprisen
Eng CO2-Steier kéint déi europäesch Industrie manner kompetitiv maachen. Fir deem entgéint ze wierken, ass eng Ausgläich-Steier op Importer am Gespréich.
-
EU-Politesche Wocheréckbléck: Ursula von der Leyen nach net um Zil
Zwee vun dräi Kandidate fir EU-Kommissär, si bei den Auditiounen am Europaparlament duerchkomm. D'Equipe vun der Ursula von der Leyen ass nach net komplett.
-
Schwiereg Prüfung fir den Thierry Breton
Dräi Kandidaten fir EU-Kommissär ze ginn mussen nach vum Europaparlament guttgeheescht ginn. Speziell de Fransous Thierry Breton ass ëmstridden.
-
EU-Nato: Wéi kann eng kohärent Approche ausgesinn?
Dem Emmanuel Macron seng Ausso, d'Nato wier "hirdout" suergt fir Diskussiounen. Haut schwätzen d'EU-Verteidegungsministeren iwwer d'Relatioun vun der EU mat der Nato.
-
Keng Geschlechterparitéit an der nächster EU-Kommissioun
D'Geschlechterparitéit an der Europäescher Kommissioun gouf als Prioritéit vun der Presidentin Ursula von der Leyen annoncéiert.
-
Europaparlament nach net iwwerzeegt vun Accord mat Vietnam
Déi vietnamesesch Zivilgesellschaft appeléiert un d'Europaparlament, den Handelsaccord mat der EU net unzehuelen. D'Parlament ass sech net eens.
-
Nees Verhandlungen iwwer Securité Sociale Systemer an der EU
An der EU gëtt dru geschafft, d'Systemer vun der Sécurité sociale ze koordinéieren. Verschidde Länner, dorënner Lëtzebuerg, blockéieren.
-
Nei EU-Kommissioun: schwieregen zweeten Ulaf
Déi zukünfteg EU-Kommissioun ass nach net komplett. Elo stellt sech och nach d'Fro, ob Groussbritannien nach ee Kommissär nominéiere muss.
-
Steiertransparenz weider blockéiert
Verschidden EU-Länner wiere sech géint eng Direktiv, déi fir méi Transparenz am Steierberäich suerge soll. Elo mécht d'Europaparlament Drock.
-
Bilan no fënnef Joer Juncker-Kommissioun
D'Deeg vum Lëtzebuerger Jean-Claude Juncker un der Spëtzt vun der Kommissioun si gezielt - gëschter gouf de Bilan am Europaparlament gezunn.
Programm
-
Resonanzen
-
On air
Spektrum
-
The Jim Kent Show
-
Blue Note - Carte Blanche an eng CD-Release vum Claire Parsons
-
Jazzin' Around - Witteveen, Hancock, Rosenwinkel
Net verpassen
-
Nei Serie: Autoritär
Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen