Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Dr. Guy Berchem - MSF

De Friddensnobelpräis huet Médecins sans Frontières virun 20 Joer kritt. An Tëschenzäit ass d'Organisatioun weltwäit an iwwer 70 Länner aktiv, mat ronn 450 medezineschen an humanitären Hëllefs-Projeten.

Wou hëllef MSF? A wéi eng Aktivitéiten huet déi lëtzebuergesch Sektioun vu Médecins sans Frontières? Dat froe mir de President vun MSF-Lëtzebuerg, den Dr. Guy Berchem.

De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

  • Frank Engel

    Politesch Rentrée: Wat steet un? E Gespréich mam CSV-President.

  • Romain Wolff

    De CGFP-President iwwer d'Fuerderunge vu senger Staatsbeamtegewerkschaft a Saache Steierreform.

  • Josée Lorsché

    Mir schwätze mat der grénger Fraktiounscheffin iwwer zentral Sujete fir déi politesch Rentrée.

  • Invité vum Dag: Nicolas Schmit

    Den aktuellen Europadeputéierten a fréieren Aarbechtsminister soll EU-Kommissär fir d'Aarbecht ginn. Wéi geet hien dat un? Wéi gesäit hie sech an deem neien Team?

  • Tom Becker

    Mir froen den Urbanist vun der Uni Lëtzebuerg, firwat d'Wunnengen esou deier sinn hei am Land, a wat ee kann dorun änneren.

  • Christophe Hansen

    Mir froen ee vun den CSV-EU-Deputéierten, déi iwwreg bleiwen zanter den Europawahlen, wat dat fir déi politesch Aarbecht vun der Partei bedeit.

  • Michel Wolter (CSV)

    Véier Woche sinn et hier, datt een Tornado an de Gemenge Péiteng a Käerjeng grousse Schued gemaach huet. Mir schwätze mam Käerjenger Buergermeeschter.

  • Lex Delles (DP)

    Wéi een Tëschebilan vun der Tourismussaison zitt de Mëttelstands- an Tourismusminister? Doriwwer schwätze mir mam Lex Delles.

  • Gilles Vansteenkiste

    Mam President vun Amnesty Lëtzebuerg geet rieds iwwer intern Problemer an allgemeng Mënscherechts-Froen.

  • Michel Ries

    Dee jonke Cyclist - Joergang 1998 - huet fir zwee Joer bei der WorldTour-Equipe Trek Segafredo ënnerschriwwen.

  • Manou Goergen

    D'Europa League ass fir den F91 Diddeleng net just eng sportlech, mee och eng organisatoresch a logistesch Erausfuerderung. De Member vum Verwaltungsrot am Gespréich.

  • Patrick Dondelinger

    Firwat brauche mir en immateriellt Kulturierwen? Mir froen den zoustännege Beamten aus dem Kulturministere.

  • Robert Mannes

    Mir froen de Responsabele vum Institut Vini-Viticole op de Klimawandel eng Chance fir d'Lëtzebuerger Wënzer ass.

  • Serge Legil

    Wéi ee Bilan zitt de Prisongsdirekter no engem Joer am Amt?

  • Liliane Ferron

    Aktuell Froen zum Thema Déiereschutz mat der Vize-Presidentin vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga Asbl

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Mam Bus op d’Klimakonferenz zu Madrid

    Mam Bus op Madrid

    D'Greta Thunberg ass mam Seegelschëff a mam Zuch op d'Klimakonferenz zu Madrid gefuer. Och de radio 100,7 huet decidéiert, net mam Fliger dohinner ze fléien. Eise Reporter Pierre Reyland fiert mam Bus op Madrid.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen