Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Emile Eicher

De Syvicol fuerdert eng kloer Definitioun vun de Kompetenze an obligatoresche Missioune vun de Gemengen, grad ewéi déi néideg finanziell Mëttel, huet et um Buergermeeschterdag zu Munneref geheescht. Déi nei Inneministesch Taina Bofferding schafft un deem neie Gemengegesetz. Nodeems hire Ministère zesumme mam Syvicol an Aarbechtsgruppen dru geschafft huet, sollen am Juli d'Gemengen hir eege Fuerderunge kënne presentéieren.

Rezent Emissiounen

  • Claude Marx

    Mir schwätze mam Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF iwwer d'Entwécklungen op der Finanzplaz Lëtzebuerg.

  • Marc Goergen

    Wéi een Tëschebilan zitt d'Piratepartei vun hirer Chamber-Aarbecht a wéi kommentéiert si d'Affär ronderëm déi ëmstridden Datebanken?

  • Léon Losch

    Mam Direkter vun der National-Lotterie schwätze mir iwwer d'Resultater 2018, nei Produkter, d'Konkurrenz an iwwer d'Thema Spillsucht.

  • Fernand Etgen

    E Gespréich mam Chamberspresident iwwer déi turbulent Sëtzung vun der leschter Woch an d'Suite vum Verfassungsprozess.

  • Fernand Kartheiser

    Den ADR-Deputéierten iwwer d'Relatiounen tëschent der Oppositioun an der Regierungsmajoritéit an d'Reforme vum Wahlsystem an der Verfassung

  • Marc Baum

    Den Deputéierte vun déi Lénk iwwer Datebanke, Chamber-Kommunikatioun a Verfassungsreform

  • Claude Meisch

    Een Dag virum leschte Schouldag: e Gespréich mam Educatiounsminister.

  • Sandra Cellina

    Wéi geet et weider an der Lutte géint d'afrikanesch Schwéngspescht? D'Biologin Sandra Cellina aus der Naturverwaltung am Gespréich.

  • Maggy Nagel

    Lëtzebuerg ass mat engem Pavillon op der Weltausstellung 2020/2021 zu Dubai vertrueden: mir schwätze mat der Lëtzebuerger Generalkommissärin fir dës Expo.

  • Horst Willkomm (Euro-Composites)

    Den Industriebetrib vun Iechternach wëllt bis 2030 160 Milliounen Euro investéieren an iwwer 100 nei Aarbechtsplaze schafen.

  • Luc Marteling

    E Gespréich mam éischten Direkter vum neien Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

  • Viviane Reding

    Déi fréier CSV-Europapolitikerin iwwer d'Besetzung vun den EU-Spëtzeposten an hiren eegene Wee an de leschten zwielef Méint.

  • Roger Schauls a Marc Reiter

    Face-à-Face iwwer d'Klappjuegd mam Vertrieder vum Mouvement Ecologique a vun der Jeeër-Federatioun.

  • Roberto Mendolia

    Zanter Juni ass de Gewerkschaftler neie President vun der ALEBA, der Gewerkschaft fir Beschäftegter am Banken- an Assurancë-Secteur.

  • LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry

    Den LSAP-Fraktiounschef a President vun der Chamber-Institutiounekommissioun iwwer duebel politesch Mandater a Wahlbezierker am Kontext vun der Revisioun vum Wahlgesetz.

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen