Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Nicolas Masson an David Fettmann

Den éischten ECM-Artist, dee beim Pol Belardi a beim Pit Dahm an der Emissioun as, an ee quasi Lokalmatador: Mam Nicolas Masson an David Fettmann hu mer zwee Ausnahme-Saxofonisten op der Antenn, déi allebéid en interessanten Univers hun. Wann de Masson sech Sopran, Tenor a Klarinett verschreiwt, sou bleiwt de Fettmann dem Alt trei. Mär entdecken zesummen déi lescht Release vu béide Muséker: Travelers (2018), Ruby Project (2015) an nach vill méi. Ausserdem get et duerch déi gewinnte Rubrik Countdown en Abléck an d'Liewe vu béide kreative Käpp. 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen