Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Nicolas Masson an David Fettmann

Den éischten ECM-Artist, dee beim Pol Belardi a beim Pit Dahm an der Emissioun as, an ee quasi Lokalmatador: Mam Nicolas Masson an David Fettmann hu mer zwee Ausnahme-Saxofonisten op der Antenn, déi allebéid en interessanten Univers hun. Wann de Masson sech Sopran, Tenor a Klarinett verschreiwt, sou bleiwt de Fettmann dem Alt trei. Mär entdecken zesummen déi lescht Release vu béide Muséker: Travelers (2018), Ruby Project (2015) an nach vill méi. Ausserdem get et duerch déi gewinnte Rubrik Countdown en Abléck an d'Liewe vu béide kreative Käpp. 

Rezent Emissiounen

  • Jazzpote / Apéro Jazz am Neimënster / ONJL an nei Albummen

    Den Jazz Festival zu Thionville, d'Apéro Jazzconcerten am Summer am Neimënster an déi nei Albumme vum Orchestre National de Jazz Luxembourg.

  • Summerjazz

    Summerjazzconcerten zu Lëtzebuerg an de Programm vum North Sea Jazz zu Rotterdam.

  • Fréijoersbotz

    Eng Selektioun vu frëschem, aktuellen Jazz aus der ganzer Welt, dee sech am Laf vum Joer ugesammelt hat.

  • John Hollenbeck

    Haaptberufflech ass dëse musekalesche Chameleon Batteur.

  • Jazz aus Südamerika: déi brasilianisch Jazzzeen

    Vill Museker aus deene Länner hunn et verstanen, traditionell Kläng mat deene méi Jazzy Téin ze vermëschen, virun allem Brasilien a seng Museker

  • Jazz um Iechternacher Festival - Pit Dahm: Omicron

    Lionel Loueke, Manu Katché & Friends, Candy Dulfer, Eleventh House an Anerer sinn d'Tête d'Affiche vum 19. Mee bis 15. Juli 2016.

  • Miles ahead

    Bei Geleeënheet vun der Sortie nächste Mount vum Biopic iwwert de Miles Davis, eng ganz Emissioun mat Musek aus all senge Schaafensperioden.

  • Jazzahead & Oliver Emmitt

    "... En mai, fais ce qu'il te plaît". Och am Jazz!

  • D’Stëmm am Virdergrond - Jazzsänger an -Sängerinnen

    Dat eelsten Instrument ass ouni Zweiwel déi mënschlech Stëmm. Beim Sange gëtt d’Stëmm als Musekinstrument agesat, fir Téin, Kläng a Melodien ze produzéieren. 

  • Like a Jazz Machine 2016

    Dëst Joer ass déi fënneft Editioun geplangt, mat enger Partie Lëtzebuerger Museker, wéi och international bekannten Artisten

  • Standards revisited

    Wéi eng Approche hunn d’Jazzmuseker haut zu de grousse Standarden aus dem Great American Songbook?

  • D’Geschicht vum Bass

    De Bass als Pech tëscht Harmonie a Rhythmus, eng Geschicht vun techneschen Entwécklungen, Emanzipatioun zum Soloinstrument.

  • A Tribute to Jack Johnson

    Ee vun de rockegsten Albumen, déi de Miles Davis verëffentlecht huet.

  • Reis/Demuth/Wiltgen

    De bekannte Lëtzebuerger Jazz Trio spillt de 26. Mäerz 2016 am Stater Conservatoire. Zesumme mam Saxophonist Joshua Redman.

  • Arabjazz موسيقى الجاز

    Dräi arabesch Jazzmuseker zu Lëtzebuerg.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen