Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Nicolas Masson an David Fettmann

Den éischten ECM-Artist, dee beim Pol Belardi a beim Pit Dahm an der Emissioun as, an ee quasi Lokalmatador: Mam Nicolas Masson an David Fettmann hu mer zwee Ausnahme-Saxofonisten op der Antenn, déi allebéid en interessanten Univers hun. Wann de Masson sech Sopran, Tenor a Klarinett verschreiwt, sou bleiwt de Fettmann dem Alt trei. Mär entdecken zesummen déi lescht Release vu béide Muséker: Travelers (2018), Ruby Project (2015) an nach vill méi. Ausserdem get et duerch déi gewinnte Rubrik Countdown en Abléck an d'Liewe vu béide kreative Käpp. 

Rezent Emissiounen

  • Finnland an Annemie Osborne

    Nordeschen Jazz um héchsten Niveau mat Bands, déi een och zu Diddeleng erliewe kann an eng ganz villsäiteg jonk Musekerin am Interview.

  • George & Ira Gershwin

    Den George Gershwin ass ee vun de groussen amerikanesche Komponisten, deen den Jazz am Meeschte beaflosst huet.

  • Zwou CD Releasen um Like a Jazz Machine

    Dock in absolute a Pol Belardis Force bréngen nei Albumen eraus.
     

  • 100 Joer Ella

    E Portrait vun der "First lady of Song", der Jazzsängerin Ella Fitzgerald, déi viru bal 100 Joer, de 25. Abrëll 1917 op d'Welt koum.

  • De grousse Blue Note "blind-fold" Test

    Klassiker aus dem Jazz virspillen a probéieren ze roden.

  • Crazy Jazz

    Et kann een den Jazz och mat enger gewësser Portioun Geck a Witz erliewen, an net nëmmen als eeschten an intellektuelle Museksstil. 

  • Drops & Points

    Deen neie Projet vum Pascal Schumacher gëtt de 25. Mäerz virgestallt. Mee och de Jeff Herr an de Jitz Jeitz hu Villes um Programm.

  • Branford Marsalis

    E Portrait vum Branford, deem eelste vun de Marsalisbridder, deen um Enn vun dësem Mount fir e Concert an d'Philharmonie kënnt.

  • Philip Catherine, Nicolas Kummert an Thomas Dewez

    Den Jazz-Oboist Thomas Dewez zielt vu sengem Quintett a Réckbléck op e Concert dëse Valentinsdag am Centre Culturel "opderschmelz".

  • Philémon: Le chien qui ne voulait pas grandir

    E Projet mat der Cellistin Annemie Osborne vu Lëtzebuerg.

  • Aktuell zu Lëtzebuerg

    De Printemps Musical geet geschwënn un an de Pit Dahm, Pol Belardi a Pascal Schumacher sinn am Studio fir hir lescht Projete virzestellen.

  • Born to be Blue - Chet Baker

    Eng Emissioun mat Musek vum Chet Baker. Keng integral Biografie, awer mat Musek aus all senge Schaafensperioden, vun 1953 bis 1988.

  • Evolutioun vum Solo-Piano

    Vum Jelly Roll Morton bis bei de Bugge Wesseltoft

  • Charlie Haden - Liberating Music

    Ee vun de leschte grousse Kontrabassisten

  • Lëtzebuerger CD Produktiounen

    Vill Neies gëtt et aus der Lëtzebuerger Jazzzeen ze mellen. Sëllech Museker si grad aus dem Opnamestudio eraus, anerer sinn um Wee fir dohinner.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen