Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

De bedeitende Philosoph an Denker Jürgen Habermas (Foto: picture alliance/dpa/Marin Gerten)

E kriteschen Intellektuellen

Den däitsche Philosoph a Soziolog Jürgen Habermas ass ee vun de prominenteste Vertrieder vun der zweeter Generatioun vun der "Frankfurter Schule", enger vun  de bedeitendsten soziologesch-philosopheschen Stréimungen vum 20. Joerhonnert. De Jürgen Habermas gelt als kriteschen Intellektuellen, dee sech mat Engagement a gesellschaftlech a politesch Debatten amëscht, woufir déi eng e bewonneren anerer en awer dergéint haassen. De Philosoph huet bei alle groussen theoreteschen Debatten an Däitschland matgeschwat, an huet zu gesellschaftspolitesche Kontroverse seng Meenung gesot. De Jürgen Habermas kritt haut 90 Joer, weist sech zwar net méi vill an der Ëffentlechkeet mä ass awer am gaangen en neit Buch ze schreiwen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen