Ee Mount, een Thema

André Dübbers

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Thema vum Mount: Glawen

Am Musée d'Histoire an der rue du Saint-Esprit ass zanter Enn November eng Ausstellung ze gesinn déi Glaubenssache iwwerschriwwen ass. Eng Ausstellung fir Gleeweger a Netgleeweger. 100 Léit, déi hei am Grand-Duché liewen hunn dem Musée fir dës Ausstellung hir perséinlech Objeten zur Verfügung gestallt, déi fir si eng ganz wichteg, zum Deel och reliéis Bedeitung hunn. De Fabricio Ceccarelli vum Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg erklärt wéi dës Objeten iwwerhaapt de Wee an de Musée fonnt hunn, an mir lossen och déi Léit zu Wuert kommen, déi dës perséinlech Objete geléint hunn, zesumme mat hinen ass d'Angie Maquil durch d'Ausstellung getrëppelt.
(Rediff. vun 09.05)

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - D'Marlène Kreins impressionéiert den Impressionist Dominique Lang

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen