Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

François Bausch

Vun Datebanken an Aarbechtszäite bei der Police iwwer Tempo-Limitatiounen op den Autobunnen bis bei d'Konsequenze vu Flüchtlingsstréim a Klimawandel op d'Stabilitéit an Europa: d'Palett vun den Themen am Gespréich mam grénge Minister ass breet gefächert. De Maurice Molitor stellt d'Froen.

Rezent Emissiounen

  • Georges Bach

    No zéng Joer am Europäesche Parlament huet den CSV-Europadeputéierten a Gewerkschaftler e Schlussstrëch ënner seng politesch Carrière gezunn.

  • René Pizzaferri

    Mam President vun der Patiente Vertriedung schwätze mir iwwer aktuell Sujeten an der Gesondheetspolitik.

  • René Winkin

    Mir froen den Direkter vun der Industrielle-Federatioun FEDIL, wisou ëmmer erëm Industrie-Projete wéinst hirem Impakt op d'Ëmwelt a Fro gestallt ginn.

  • Joel Delvaux

    Mam Stater Gemenge-Conseiller vun déi Lénk schwätze mir iwwer den ëffentlechen Transport fir Leit mat Handicap.

  • Myriam Welschbillig

    Mat der Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch geet rieds doriwwer, wéi d'Lëtzebuerger Sprooch an der neier Verfassung festgehale soll ginn.
  • Marc Fisch

    Wéi ginn d'Baueren mat der momentaner Dréchent ëm a wéi wëlle si sech laangfristeg opstellen? Doriwwer geet rieds mam President vun der Bauerenzentral.
  • Hoai Thu Nguyen Doan

    Funktionéiert Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg? Wat muss verbessert ginn? Doriwwer geet rieds mat der Ekonomistin vun der Handelskammer.

  • Claude Marx

    Mir schwätze mam Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF iwwer d'Entwécklungen op der Finanzplaz Lëtzebuerg.

  • Marc Goergen

    Wéi een Tëschebilan zitt d'Piratepartei vun hirer Chamber-Aarbecht a wéi kommentéiert si d'Affär ronderëm déi ëmstridden Datebanken?

  • Léon Losch

    Mam Direkter vun der National-Lotterie schwätze mir iwwer d'Resultater 2018, nei Produkter, d'Konkurrenz an iwwer d'Thema Spillsucht.

  • Fernand Etgen

    E Gespréich mam Chamberspresident iwwer déi turbulent Sëtzung vun der leschter Woch an d'Suite vum Verfassungsprozess.

  • Fernand Kartheiser

    Den ADR-Deputéierten iwwer d'Relatiounen tëschent der Oppositioun an der Regierungsmajoritéit an d'Reforme vum Wahlsystem an der Verfassung

  • Marc Baum

    Den Deputéierte vun déi Lénk iwwer Datebanke, Chamber-Kommunikatioun a Verfassungsreform

  • Claude Meisch

    Een Dag virum leschte Schouldag: e Gespréich mam Educatiounsminister.

  • Sandra Cellina

    Wéi geet et weider an der Lutte géint d'afrikanesch Schwéngspescht? D'Biologin Sandra Cellina aus der Naturverwaltung am Gespréich.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen