Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Jean-Claude Braun, Dirigent vun der Militärmusek

Protokoll a Populäres

Relève vun der Garde, Fakelzuch, Parade... dat sinn nëmmen e puer vun den Optrëtt vun der Militärmusek fir d'Feierlechkeetenvun Nationalfeierdag. De Protokoll gëtt een Deel vum musikalesche Programm vir. Dem Dirigent vun der Militärmusek, dem Jean-Claude Braun, bleift trotzdeem nach Sputt fir eegen Iddien.

Rezent Emissiounen

  • Christian Gerhaher

    Vum Dr. med. zum unerkannten Lied-Sänger: De Bariton huet een interessanten a spannenden Parcours hannert sech. 

  • Stabat Mater

    Dee Schwäizer Chorerograph Urs Dietrich huet fir den Tréierer Theater dem Giovanni Battista Pergolesi säi Meeschterwierk fir den Danztheater adaptéiert. 

  • Musek vum Claude Debussy

    Concert-apéro vun den Amis de l’OPL mat der Hélène Boulègue (Flütt), der Dagmar Ondracek (Braatsch) an der Catherine Beynon (Harf)

  • De Pianist Joseph Moog

    Deen däitsche Museker kënnt fir e Récital an den Escher Conservatoire.

  • Den Duo Rosa

    D'Sopranistin Stephany Ortega an d'Pianistin Lena Kollmeier presentéieren hir nei CD "Return".

  • Der Freischütz

    Dem Carl Maria von Weber seng romantesch Oper huet e Samschdeg Première zu Saarbrécken.

  • D'Bande d'Hautbois vum OPL

    De Bléiserensemble vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg trëtt e Sonndeg an der Porkierch zu Kayl op.

  • De Concours International de Violon de Mirecourt

    Déi 4. Editioun vum Concours fänkt haut un. 

  • Den Orchestre révolutionnaire et romantique

    De Sir John Eliot Gardiner kënnt mat sengem Orchester an d'Philharmonie.

  • Deutsche Radiophilharmonie zu Metz

    Am Kader vum musikaleschen Austausch an der Groussregioun trëtt den Orchester vu Saarbrécken am Arsenal op.

  • Nyckelharpa an Uergel

    Dee schwedeschen Duo Johan Hedin (Nyckelharpa) a Gunnar Idenstam (Uergel) trëtt an der Philharmonie op.

  • KammerMusekVeräin um Festival Gouvy

    1995 gegrënnt beméit sech den Institut ëm d’Wierk vun dësem Komponist aus dem Dräilännereck.

  • Dem Franz Schubert seng "Winterreise"

    De Lieder-Zyklus gëtt e Freideg an e Samschdeg (11. an 12.11.16) an enger zeenescher Produktioun am Kulturhaus zu Miersch opgefouert.

  • The Classic Jam Sessions

    De Mamer Kinneksbond presentéiert eng nei Concertsrei.

  • D'Geiistin Tamsin Waley-Cohen

    D'Musekerin trëtt am Zyklus "Rising Stars" an der Philharmonie op.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen