Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Elina Brotherus steet net méi op der Leitung

Ugangs der Woch ass d'Expo "Plakeg, Aktmolerei ëm 1900" an der Villa Vauban a Këschte verpaakt ginn. Dir hutt déi verpasst? Ma, dann hätt d'Villa Vauban fir Akt-Interesséierter mëttlerweil Akt- Fotografie, aus dem 20. an 21. Joerhonnert, ze bidden. Awer net nëmmen: an hirer Monografie setzt sech di finnesch Fotokënschtlerin Elina Brotherus, Joergang 1972, a Fotoserie mat hirer Biografie, hirem Kierper, der Landschaft an der Konschtgeschicht ausenaner. Wéi, huet si dem Kerstin Thalau erkläert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen