Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Ëmstridden Datebanke bei Police a Parquet

Wéi funktionéiert de Fichier Central vun der Police, wéi eng Reegele ginn et dofir a wéi eng Dokumenter kommen an d'Datebank beim Parquet? Informatiounen dozou goufen et gëschter an der Chamber. déi Lénk hat d'Reunioun ugefrot, vun de Kommissioune fir Bannesécherheet a fir Justiz. D'Vertrieder vu Police a Parquet an déi béid gréng Ministere François Bausch a Félix Braz stoungen den Deputéierte Ried an Äntwert. Nach sinn awer net all Froe beäntwert. Hannergrënn vum Serge Kesseler.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen