Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Jeanine Unsen zu "Quick and Dirty 2"

Intimistesch Fotoportraiten an ongewéinlechem Kader, sou kéint een der Jeanine Unsen hir fotografesch Aarbechte resüméieren. D'Kënschtlerin ass 1975 zu Lëtzebuerg op d'Welt komm, huet zu Bréissel Fotografie studéiert, huet duerno net just am Mudam, an de Rotonden, am Geschichtsmusée vun der Stad ausgestallt, mee och a Konschtinstitutiounen zu Tréier, an Indien an a China. De Weekend vum 22. an 23. Juni weist si nei Aarbechten bei der zweeter Editioun vum "Quick and Dirty". D'Kerstin Thalau war op Bouneweg, 25 rue du cimetière, an en aalt verloosstent Haus, kucken.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen