Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Pipapo: De Service Drug Checking

Déi Lëtzebuerger Initiativ Pipapo fënnt een op ville verschiddenen Evenementer mat engem Stand. Hire Motto: Sex, Drogen a Rock'n Roll. D'Mataarbechter verdeelen Ouerestëpp, Kondomer a klären iwwer déi verschidden Drogen op. Speziell ass och hire Service Drug Checking, bei deem ee verschidde Substanzen op hir genee Inhaltsstoffer teste loosse kann. D'Tessy Steffen Koenig informéiert.

Rezent Emissiounen

  • Influenzaviren an Aktioun

    Wien ass Risikopatient?

  • Den nationale Championnat am Puzzelen

    Bei der zweeter Editioun vun der Competitioun probéieren d'Equippe während zéng Stonnen esou vill Puzzelstécker zesummenzestieche wéi méiglech.

  • "Mental hu mir net eis Leeschtung bruecht"

    D'Darts-Nationalequipe huet beim World Cup a Rumänien net esou gutt ofgeschnidden, wéi ee sech dat am Virfeld erhofft hat.

  • Budgetsprojet 2020: D'Oppositioun ass enttäuscht

    D'Oppositioun ass net begeeschtert iwwer de Projet fir de Staatsbudget 2020, deen de Finanzminister Pierre Gramegna presentéiert huet.

  • Gripp oder Erkältung?

    Am Volleksmond schwätze mir vun enger Erkältung, mee eigentlech ass dat net de richtege Begrëff.

     

  • Den Tour du Duerf 2019

    Mat 69 Gemengen, déi matgemaach hunn an 224.266 Kilometer, déi gefuer goufen, goufen dëst Joer e puer nei Rekorder opgestallt.

  • Wéi geet et weider mam Konflikt an Nordsyrien?

    E Gespréich mam Direkter vum Zentrum fir Fuerschung zur Arabescher Welt zu Mainz, Günter Meyer, iwwer de Konflikt tëschent der kurdescher Miliz YPG an der tierkescher Arméi.
     

  • Verhandlunge fir Sozialplang bei RTL Group

    Enn August hat RTL Group Restrukturéierungen ugekënnegt.

  • Neit Konzept fir de Kierchbierg

    De Kierchbierg muss méi liewenswäert ginn an alueden, no der Aarbecht do ze bleiwen. En däneschen Architektebüro gouf beoptraagt, Iddien heifir ze sammelen.

  • Que le spectacle commence !

    Gala de la chanson française mat der Artistin Magali Dahon am Kinneksbond zu Mamer

  • Creative Day - Meet The Makers. Porte ouverte am 1535°

    Och dëst Joer gëtt et nees Neies ze entdecken. De 1535° Creative Hub zu Déifferdeng mécht e Sonndeg seng Dieren op.

  • 100 Joer Waldorfschoul

    D'Waldorfschoul feiert dëst Joer weltwäit 100 Joer. Hei am Land gëtt et d'Waldorfschoul zanter 1983. Wéi huet se sech entwéckelt a wou wëllt se histeieren?

  • Am Gespréich mam israelesche Journalist Gideon Levy

    "Mënscherechtsverstéiss: Net pro-Israeli oder pro-Palestinenser, mee pro-internationaalt Recht" seet de Gideon Levy, Journalist bei der israelescher Zeitung Haaretz.

  • Luxembourg Learning Center

    Den LLC huet nei Ouvertureszäiten vun dësem Hierscht un. Fir wien a mat wat fir enge Servicer ass den LLC fir de Public disponibel?

  • UNICEF Global Parent

    De Mount Oktober ass bei UNICEF Lëtzebuerg de Mount vun de Global Parents. Eng Vertrauenssaach, ënnersträicht de Paul Heber vun UNICEF Lëtzebuerg.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen