Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Vum Concertssall aus kann een d'Alpen bewonneren © Roland Halbe

Klassik an den Alpen

An de Schwäizer Alpen kann een zanter dem Weekend net nëmme Schi fueren oder wanderen. Matten an de Bierger huet een och elo d'Geleeënheet, klassesch Musek am Premium-Format ze héieren. Zu Andermatt huet deen neie Concertssall seng Dieren opgemaach - dat mat engem Concert vun de Berliner Philharmoniker. De Concertssall ass Deel vun engem ambitiéisen Tourismus-Projet.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen