Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Sam Tanson

Den Haaptsëtz vun der Kultur-Haaptstad Esch 2022 kënnt an déi al Möllerei um Belval. Dat gouf gëschter confirméiert. D'Gebléishal, wou de Projet ursprénglech sollt dra kommen, koum aus Sécherheetsgrënn net a Fro. Wat bedeit dat fir de Projet Esch 2022? A wäert d'Gebléishal trotzdem laangfristeg erhale bleiwen a revaloriséiert ginn? Ënner anerem doriwwer schwätzt d'Françoise Keller  mat der Kulturministesch Sam Tanson. 

Rezent Emissiounen

  • Me Georges Krieger

    Wéi gesäit den Affekot d'Affär ëm d'Gaardenhaischen vum Roberto Traversini? De Maurice Molitor huet bei him nogefrot.

  • Karin Weyer

    D'Chargée de direction vu respect.lu schwätzt iwwer d'Aarbecht vum Centre contre la radicalisation.
     

  • Natasha Lepage

    Mat der jonker Klimaschutzaktivistin schwätze mir iwwert d'Manifestatioun "United for Climate Justice" vun haut de Mëtteg an der Stad.

  • Alex Bodry a Claude Wiseler

    Mat de Politiker vun LSAP an CSV schwätze mir iwwert déi méiglech Changementer um Wahlgesetz.

  • Paulette Lenert

    Wéi ee Bilan zitt déi nei Kooperatiouns a Konsumenteschutzministesch no geschwënn engem Joer am Amt?

  • Gary Diderich

    De lénke Gemengeconseiller vun Déifferdéng huet duerch eng Parti Froen am Gemengerot op d'Verhale vum Roberto Traversini opmierksam gemaach.

  • François Bausch

    Wéi gesäit de Minister François Bausch d'Demissioun vu sengem grénge Parteikolleg Roberto Traversini als Buergermeeschter vun Déifferdeng?

  • Gilbert Massard

    Mir froen den Direkter vun der Medizinsausbildung op der Uni.lu op zu Lëtzebuerg genuch Medizinscoursen ugebuede ginn fir de Mangel un Dokteren an de Grëff ze kréien.

  • Roberto Traversini

    Mir froen de gréngen Déifferdenger Buergermeeschter, wéi eng Konsequenzen hien aus der Affär ronderëm säi Gaardenhaischen wëllt zéien.

  • Fernand Kartheiser

    Huet de Xavier Bettel de Boris Johnson humiliéiert? A wéi geet et weider am Brexit-Dossier? Den ADR-Deputéierten a fréieren Diplomat seet seng Meenung.

  • Pascale Petry

    Bei Geleeënheet vun der Schoulrentrée: e Gespréich mat der Directrice vum Lycée Michel Lucius,

  • Frank Engel

    Politesch Rentrée: Wat steet un? E Gespréich mam CSV-President.

  • Romain Wolff

    De CGFP-President iwwer d'Fuerderunge vu senger Staatsbeamtegewerkschaft a Saache Steierreform.

  • Josée Lorsché

    Mir schwätze mat der grénger Fraktiounscheffin iwwer zentral Sujete fir déi politesch Rentrée.

  • Invité vum Dag: Nicolas Schmit

    Den aktuellen Europadeputéierten a fréieren Aarbechtsminister soll EU-Kommissär fir d'Aarbecht ginn. Wéi geet hien dat un? Wéi gesäit hie sech an deem neien Team?

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - D'Marlène Kreins impressionéiert den Impressionist Dominique Lang

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen