Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Firespawn

De 7. Juni huet d'Death Metal Supergroup Firespawn hiren neisten Album "Abominate" erausbruecht. An deem Kontext huet den David Wagener mam Bassist a Matgrënner vun der Band Alex Impaler schwätzen. Et goung natierlech doriwwer rieds, wat een um neien Album erwaart, an a wéi enger Hisiicht hir Musek kee rengen Death Metal ass.

Playlist

  1. Bloodbath - Furnace Funeral
  2. Devourment - Cognitive Sedation Butchery
  3. Equilibrium - Renegades
  4. Walkways - Hell Born Shove
  5. Firespawn - The Great One
  6. Firespawn - The Hunter
  7. Bloody Hammers - Let Sleeping Corpses Lie
  8. Soilwork - Stålfågel
  9. Feradur - A Hadean Task
  10. Crowbar - I Am The Storm

Rezent Emissiounen

  • Soleil Noir, Everwaiting Serenade & Fleshgod Apocalypse

    Am Metal Meltdown geet et haut ënnert anerem ëm eng speziell Serie vu Concerten am Mudam, et gëtt Neiegkeeten aus der lokaler Zeen an den Agenda vun den nächste Concerten.

  • The Majestic Unicorns From Hell, Sleepers' Guilt & Spoil Engine

    Am Metal Meltdown gëtt haut en Tour de Table ronderëm de Metal Battle gemaach an am Interview stellen The Majestic Unicorns From Hell hiren neien Album vir.

  • Exposer, Borknagar & Machine Head

    An der Emissioun Metal Meltdown stellt den David Wagner haut eng nei lëtzebuerger Band vir an et ginn Tickeën ze gewannen fir den ausverkaafte Concert mat Machine Head de 17. Februar am Atelier.

  • Lemmy, Motörhead & Aborted

    D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Metal Zeen, Réckbléck op dem Lemmy säi Begriefnis, d'Metal Release vun der Woch an den Agenda mat den nächste Concerten.

  • Metal Battle 2016 & Do You Even Metal?

    D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Metal Zeen, de Metal Battle vum 19. März, d'DVD "Do You Even Metal?", déi et ze gewanne gëtt an den Agenda mat den nächste Concerten.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen