Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

E Liichtspektakel fir de Gebuertsdag

Et ass eng Grëtz wéi d'Geschicht vum Phoenix, deen aus den Äschen nees opsteet. 1906 zerstéiert e Feier dat historescht Operenhaus - Théâtre de la Comédie - aus dem 18. Joerhonnert zu Nanzeg. Et dauert dunn nach 13 Joer, bis op der Place Stanislas eng nei Oper entsteet, déi antëschent de Label Opéra national huet an dëst Joer hire Centenaire feiert.  

 

Rezent Emissiounen

  • De Bass-Bariton Jean Bermes

    De Sänger huet eng CD mat Wierker vum Cesar Cui publizéiert.

  • De Rudolf Buchbinder

    De Pianist kënnt zesumme mat de Wiener Philharmoniker an d'Philharmonie.

  • Den European Union Baroque Orchestra

    Den Ensemble ass Orchestra in residence am Trifolion zu Iechternach.

  • De Mandolinist Juan Carlos Munoz

    De Museker huet mat sengen Ensemblen "Ensemble à plectres" vun Esch an Artemandoline eng jett Projeten geplangt.

  • D'Mariam Batsashvili

    Déi georgesch Pianistin ass Rising Star fir d'Saison 2016/2017.

  • Rainy Days 2016

    De Festival fir zäitgenëssesch Musek an der Philharmonie

  • Digital Musicology

    Wat sinn d'Chancen an d'Gefore vum Digitale fir d'Musicologie?

  • Musikbühne Saar

    De radio 100,7 an SR3 diffuséieren déi populär Museksemissioun e Sonndeg live aus dem Trifolion zu Iechternach.

  • De Choeur de Chambre de Luxembourg

    Den Ensemble huet eng nei CD publizéiert.

  • Talenter aus de Lëtzebuerger Conservatoiren

    D'Militärmusek spillt zesumme mat Absolvente vum Prix supérieur.

  • Au Seuil de l'Avent

    Um éischten Adventssonndeg proposéiert d'Maîtrise vun der Kathedral hiren traditionnellen Concert.

  • De Mariinsky Orchester

    Den Ensemble vu St. Petersburg kënnt fir zwou Soiréeën an d'Philharmonie.

  • Den American Horn Quartet

    De Kerry Turner, Matgrënner vum American Horn Quartet, Komponist, Cornist am OPL, ass am Studio, fir iwwert eng nei CD-Produktioun ze schwätzen. 

  • Die Zauberflöte

    Dem Mozart seng Oper ass am Saarbrécker Staatstheater ze gesinn.

  • Christian Gerhaher

    Vum Dr. med. zum unerkannten Lied-Sänger: De Bariton huet een interessanten a spannenden Parcours hannert sech. 

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen