Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

An dräi Volume bréngen The Magnetic Fields 1999 hir "69 Love Songs" eraus, deen ambitiéiste Projet vum Kollektiv ronderëm de Stephin Merrit. Ähnlech wéi säi Landsmann Bill Callahan, deen den Album vun der Woch stellt hei um Radio, ass de Merrit eng Aart musikaleschen Eenzelgänger. "La mort, c'est la mort, mais l'amour, c'est l'amour.", widderhëlt dem Meritt seng Stëmm, an dat wéi ganz dacks, mat engem Gender-Bending Twist.

Déi Kéier kënnt den Album vun der Woch vun engem Mann mat enger onverkennbar dezenter Stëmm. De Bill Callahan, dee sech leschte Freideg mol erëm eng Kéier zeréckgemellt huet. "Shepherd In A Sheepskin Vest" ass eisen Album vun der Woch, presentéiert vum Jamie Reinert.

Crumb ass eng US-Amerikanesch Indie Pop Formatioun, déi d'lescht Woch hir Debut Scheif "Jinx" releast huet. Crumb experimentéiert gär mat psychedeleschem Rock, Trip Hop Beats, Synthyen a Saxophon. D'Anne huet sech, am Kader vu Frësch Gepresst, fir d'Singel "Nina" decidéiert. 

Nieft dem Concertstipp, dem Déjà-Vu Album vun der Woch, dem Pit Walté sengem Besuch am Studio an dem Philippe senger perséinlecher Playlist, lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vu Palehound, Gaz Coombes, Leif Vollebekk, Tom Misch, Balthazar a Chk Chk Chk.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Et ginn nees dräi Stonne mat gudder Musek, dem Concertstipp, dem Album vun der Woch, den Déjà-Vu an nees eppes frësch Gepresstes.

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne Musek, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu, de Copy/Paste a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen