Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Flüchtlingsrot kritiséiert Flüchtlingsstruktur um Kierchbierg

Dat sot Nonna Sehovic vun der CARITAS am Numm vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Am SHUK gi Réfugiéen ënnerbruecht, déi schonn an engem aneren EU-Staat eng Demande op Asyl gemaach hunn an dohinner zeréck geschéckt solle ginn, déi sougenannten Dubliners. Fir op d' Mëssstänn an der SHUK opmierksam ze maachen, stoung de leschten Donneschdeg en Zelt op der Place Clairefontaine. En Zelt wéi een et och an der SHUK um Kierchbierg virfënnt.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen