Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

D'Konscht, sech an engem Labyrinth net ze veriren

Zitt et Iech heiansdo bei dat gréngt Labyrinth tëschent der Coque an der Uni? Fir d'Equipe vum Fonds du Kirchberg huet déi planzlech Struktur net genuch Amateuren. Dowéinst ass virun zwee Joer, a Collaboratioun mam Casino Lëtzebuerg, de Projet "1+1" lancéiert ginn, fir de Labyrinth duerch Konscht opzewäerten a méi attraktiv ze maachen. 2017 huet den Duo Wennig an Daubach mat der Installatioun "Recto Verso" iwwerrascht, Juli 2019 "teleportéiere" sech zwee amerikanesch Kënschtler duerch d'Gréngs. D'Kerstin Thalau huet si virum Depart kennegeléiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen