Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

L'Eglise catholique face aux abus sexuels sur mineurs

An hirem Buch "L'Eglise catholique face aux abus sexuels sur mineurs" hëlt d'Doktesch an Theologin Marie-Jo Thiel kee Blat virun de Mond. Si beschreift wéi bannen der Kierch de sexuelle Mëssbrauch u Mannerjäreger laang vertuscht gouf a wéi een dogéint ka virgoen. D'Marie-Jo Thiel huet zu deem Thema op der UNI Lëtzebuerg eng Konferenz gehalen, dëst an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Schoul fir Relioun a Gesellschaft.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen