Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Maurice Bauer (CSV)

De Maurice Bauer ersetzt Enn Juli d'Isabel Wiseler-Lima als CSV-Member am Stater Schäfferot: dat gouf gëschter offiziell ugekënnegt.

Déi nei CSV-Europa-Deputéiert Isabel Wiseler-Lima bleift Member am Gemengerot. Hir Aufgaben am Schäfferot gëtt si awer un hire Parteikolleeg Maurice Bauer of.

Den CSV-Politiker ass President vun der CSV-Sektioun Lampertsbierg an hien ass zanter 2011 Member vum Gemengerot. Iwwer seng nei Aufgaben am DP-CSV-Schäfferot an der Stad Lëtzebuerg schwätzt de Serge Kesseler mam Maurice Bauer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen