Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Eng nei Etapp

Virun enger Rei Joren hu sech eng Partie Museksstudenten zesummegedoen, fir een eegene Projet op d'Been ze stellen: de Summer Orchestra Luxembourg. De Prinzip war einfach: Am Summer Studentekolleegen zesummentrommelen, Prouwesessiounen organiséieren an e Concert op d'Bee stellen - dat alles a kompletter Eegeregie. Elo kritt dëse Projet eng nei Qualitéit: De Summer Orchestra Luxembourg ass an der nächster Saison orchestre en résidence am Mierscher Kulturhaus.

Rezent Emissiounen

  • Au Seuil de l'Avent

    Um éischten Adventssonndeg proposéiert d'Maîtrise vun der Kathedral hiren traditionnellen Concert.

  • De Mariinsky Orchester

    Den Ensemble vu St. Petersburg kënnt fir zwou Soiréeën an d'Philharmonie.

  • Den American Horn Quartet

    De Kerry Turner, Matgrënner vum American Horn Quartet, Komponist, Cornist am OPL, ass am Studio, fir iwwert eng nei CD-Produktioun ze schwätzen. 

  • Die Zauberflöte

    Dem Mozart seng Oper ass am Saarbrécker Staatstheater ze gesinn.

  • Christian Gerhaher

    Vum Dr. med. zum unerkannten Lied-Sänger: De Bariton huet een interessanten a spannenden Parcours hannert sech. 

  • Stabat Mater

    Dee Schwäizer Chorerograph Urs Dietrich huet fir den Tréierer Theater dem Giovanni Battista Pergolesi säi Meeschterwierk fir den Danztheater adaptéiert. 

  • Musek vum Claude Debussy

    Concert-apéro vun den Amis de l’OPL mat der Hélène Boulègue (Flütt), der Dagmar Ondracek (Braatsch) an der Catherine Beynon (Harf)

  • De Pianist Joseph Moog

    Deen däitsche Museker kënnt fir e Récital an den Escher Conservatoire.

  • Den Duo Rosa

    D'Sopranistin Stephany Ortega an d'Pianistin Lena Kollmeier presentéieren hir nei CD "Return".

  • Der Freischütz

    Dem Carl Maria von Weber seng romantesch Oper huet e Samschdeg Première zu Saarbrécken.

  • D'Bande d'Hautbois vum OPL

    De Bléiserensemble vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg trëtt e Sonndeg an der Porkierch zu Kayl op.

  • De Concours International de Violon de Mirecourt

    Déi 4. Editioun vum Concours fänkt haut un. 

  • Den Orchestre révolutionnaire et romantique

    De Sir John Eliot Gardiner kënnt mat sengem Orchester an d'Philharmonie.

  • Deutsche Radiophilharmonie zu Metz

    Am Kader vum musikaleschen Austausch an der Groussregioun trëtt den Orchester vu Saarbrécken am Arsenal op.

  • Nyckelharpa an Uergel

    Dee schwedeschen Duo Johan Hedin (Nyckelharpa) a Gunnar Idenstam (Uergel) trëtt an der Philharmonie op.

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen