CD-Klassik

Nei Produktiounen aus dem klassesche Beräich a Suggestiounen fir Är Diske-Sammlung.

De Kapitän Tarare vertount

Den Numm Antonio Salieri ass genee esou bekannt, wéi dee vum Wolfgang Amadeus Mozart, mam Ënnerscheed, datt seng Musek awer nëmmen nach seele gespillt gëtt. D'Oper "Tarare" vum italienesche Meeschter gouf elo als Concertsversioun zu Paräis an der Philharmonie opgeféiert an op dräi Diske vum Label Aparte Music festgehalen. Den Dirigent Christophe Rousset mat sengem Ensembel Les talents lyriques an och sämtlech Solisten an de Chouer erweisen dem Salieri all Éier mat enger gelongener a schwongvoller Interpretatioun vun dëser Oper. De Manuel Ribeiro huet sech d'Opnam ungelauschtert.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen