Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Espresso Beats

Seng eegen Debut-Plack schlecht ze maachen, dat huet 1999 de Beta Band Frontmann Steve Mason fäerdegbruecht. Ganz niewebäi huet d'Band bal e Rechtssträit mam berühmte Songwriter Jim Steinman ugefaangen. Radiohead an Oasis hunn d'Beta Band immens fonnt, an och dem Marc Clement säin Twenty/Twenty leet no, datt dat feelend Selbstvertraue guer net hätt misste sinn.

Normalerweis wielt eis Museksredaktioun Disken als Album vun der Woch eraus, déi een zur Prime Time kann um Radio spillen. Den Album vun dëser Woch ass haart, onberechenbar an net fir niewebäi ze lauschteren. Mee en ass sou relevant, datt mir eng Ausnam maachen. Den Yves Stephany iwwer "Schlagenheim" vun der gefeierter Londoner Combo Black Midi.

D'Anne Georges huet den Debut vun Sault entdeckt. Eng Formatioun iwwer déi praktesch näischt ze fannen ass, ausser datt op "5" liichte Funk op Disco, Soul, Afrobeat, Hip Hop an iwwerhaapt op alles wat groovt, stéisst. "Why Why Why Why Why" ass keng direkt Äntwert op d'Minnie Ripperton, geet allerdéngs, wonnerbar eran. 

Nieft dem Concertstipp, dem Déjà-Vu Album vun der Woch, dem Pit Walté sengem Besuch am Studio an dem Philippe senger perséinlecher Playlist, lafen déi bescht nei Indie- a Major Label Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vum Lucy Dacus, Jacob Bellens, Tim Ayre, Honeymoan, Yot Club a Butternut Sweetheart.

Rezent Emissiounen

  • Espresso Beats

    Exzeptionell véier Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, Invitéen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren

  • Espresso Beats

    Dräi Stonne fusch nei Stécker, legendär Titelen, de Concertstipp, den Album vun der Woch, den Déjà-Vu a Coup de Coeuren.

    E Food For Your Senses Special

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen