Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Meteolux gëtt fir muer 2 Auer Mëtteg bis 7 Auer owes nees eng Alerte Orange eraus.
  2. D'Police sicht no neie Mataarbechter: Iwwert eng Medie-Campagne soll elo aktiv no Personal gesicht ginn.
  3. An der Haaptdatebank vun der Justiz sinn Donnéeën deels net adequat archivéiert ginn a waren domat méi laang accessibel ewéi virgesinn. em Parquet no, wier een awer dobäi dësen informatesche Problem ze léisen.
  4. Déi 2 CSV-Schäffe vu Biissen wäerten net vun hirem Posten am Schäfferot demissionéieren, confirméiert den CSV-Generalsekretär Felix Eischen.
  5. De Buergermeeschter vu Metz, Dominique Gros, fuerdert Ausgläichszuelunge vu Lëtzebuerg, fir Steiergelder vu Frontalieren un d'Grenzregiounen ze verdeelen.
  6. A Frankräich gouf haut op enger Partie Plazen am Süde vum Land den historeschen Temperatur-Rekord gebrach. Zu Gallargues-le-Montueux am Departement Gard gouf mat 45,8 Grad den héchste Wäert gemooss
  7. Den AC Mailand däerf d'nächst Saison keng Europa-League spillen. Et ass dat eng Sanktioun, well de Veräin d'Reegele vum finanzielle Fairplay net respektéiert huet.
  8. Am Tennis gouf déi 1. Ronn vum Grand-Slam-Tournoi vu Wimbledon ausgeloust: D'Mandy Minella trëfft op d'Nummer 4 op der Welt, Kiki Bertens aus Holland.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Presentatioun vum nationale Klimaplang / Gréng Luucht fir Integratioun vum Landesverband an den OGBL / Franséisch Regierung hält u Rentereform fest

  • Panorama

    D'Ierfgroussherzoglech Koppel erwaart e Kand / Paul-Henri Meyers: "De Staatsrot kéint eng komplett Verfassungsreform verlaangen" / Frankräich: Streik geet virun

  • Panorama

    9 Demissiounen am Comité vun SPAL-Arméigewerkschaft / Verfassung gëtt an Etappe geännert / Bertemes a Majerus Sportler vum Joer

  • Panorama

    9 Demissiounen am Comité vun SPAL-Arméigewerkschaft / Verfassung gëtt an Etappe geännert / Bertemes a Majerus Sportler vum Joer

  • Panorama

    9 Demissiounen am SPAL-Comité / Sven Clement deposéiert Recourse géint Regierung / Verfassung gëtt an 3 grousse Bléck reforméiert

  • Panorama

    No Luxleaks: huet Lëtzebuerg genuch gemaach? / Generalstreik haut am Frankräich / USA: Impeachmentprozedure géint den D. Trump gëtt méi probabel

  • Panorama

    No Luxleaks: huet Lëtzebuerg genuch gemaach? / Generalstreik haut am Frankräich / USA: Impeachmentprozedure géint den D. Trump gëtt méi probabel

  • Panorama

    Poliziste fir den Dateschutz sensibiliséieren / Nationalen Aktiounsplang fir de Schutz vun Insekten / Gratis-Contraceptiounsmëttel fir jiddereen

  • Panorama

    Contraceptiounsmëttele solle gratis ginn / Nationalen Aktiounsplang fir de Schutz vu Bestëbser / EEA: EU wäert Emweltziler net erreechen

  • Panorama

    Global CO2 Emissioune klamme weider, sou Experten / Ëmweltimpakt-Studie fir Google Daten-zenter d'nächst Joer / Beweiser géint Donald Trump evident, sou d'Demokraten

  • Panorama

    Global CO2 Emissioune klamme weider, sou Experten / Ëmweltimpakt-Studie fir Google Daten-Zenter d'nächst Joer / Beweiser géint Donald Trump evident, sou d'Demokraten

  • Panorama

    NATO-Staate eens iwwerOfschlosserklärung/Google:Ëmweltimpaktstudie soll 2020 fäerdeg sinn/Provisoresch Integratioun vu Landesverband an OGBL

  • Panorama

    PISA: Lëtzebuerg am Mëttelfeld / Statec: Ekonomie dréint nächst Joer méi lues / Weltklimasommet: 2019 gehéiert zu de wäermste Joren zanter 1850

  • Panorama

    CET fuerdert besseren Informatiouns-Accès fir Leit mat Behënnerung / OGBL a Landesverband wuessen enk zesummen / USA annoncéieren Taxen op franséisch Importer

  • Panorama

    CET fuerdert besseren Informatiouns-Accès fir Leit mat Behënnerung / OGBL a Landesverband wuessen enk zesummen / USA annoncéieren Taxen op franséisch Importer

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen