Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

© Theater Trier - Marco Piecuch

De Ballet Zorbas

De Film "Alexis Sorbas" war an de 60er Joren ee vun deene populäersten, an den Acteur Anthony Quinn huet eng vu senge beschte Rolle gespillt. Mee och dem Mikis Theodorakis seng Filmmusek ass ronderëm d'Welt komm. An den 80er Joren huet de Komponist och e Ballet kreéiert. De Choreograph vum Theater Tréier, de Roberto Scafati, huet de Ballet fir seng Trupp nei interpretéiert an zu Tréier mat vill Erfolleg opgefouert. Dës Produktioun ass e Samschdeg (6. Juli 2019) um Wëltzer Festival ze gesinn.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen