Musek am Gespréich

Guy Engels Manuel Ribeiro Luc Boentges

Et entstinn ëmmer erëm nei Initiativen, während gläichzäiteg al Formater a Fro gestallt ginn. Lëtzebuerger Museker doen ëmmer nees mat neie Projete vu sech schwätzen a Weltstare visitéieren a reegelméissegen Ofstänn de Grand-Duché. E variabelt Format fir alles dat, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg ubelaangt, gekoppelt mat der passender Musek.

De Paul Mootz am Studio vum radio 100,7

De Paul Mootz

De fréiere Professer fir Perkussioun am Stater Conservatoire presentéiert seng musikalesch Visittekaart.

Mat Ausschnëtter aus:

  • Antonin Dvorak: Symphonie Nr. 9, 2. Saz
  • Zoltan Kodaly: Hary Janos, Suite
  • Big Band Kolléisch: Beautiful Scarlet
  • Richard Strauss: Tod und Verklärung
  • Luxembourg Percussioun: Samba Macabre
  • Perkussiounsensembel Mariendall: It might as well be blue
  • Bela Bartok: Sonate fir zwee Pianoen a Perkussioun
  • Oscar Peterson: Over the rainbow
  • Boris Dinev: Na Shefa
  • Michel Legrand: Windmills of your mind

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen