Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Den Trolley Problem

Wat soll ech maachen? Näischt, a fënnef Leit stierwen, oder agräifen, an et stierft eng Persoun. Oder ëmgedréit, däerf ech ee Mënsch ëmbréngen, fir datt fënnef aner Leit net stierwen? Den Trolley Problem ass e Labo, an deem ee sech déi Froe stelle kann a seng moralesch Iwwerzeegungen op de Préifstand stelle kann.

Rezent Emissiounen

  • Den Trolley Problem

    Een Tram, eng Weich, an eng Entscheedung, déi een net net huelen kann - Den Trolley Problem ass e Klassiker ënner de moraleschen Dilemmaen.

  • Eng Welt ouni Grenzen?

    Wat sinn eigentlech Grenzen? A wéi eng Funktioun hu se fir eis? Kann ee sech eng Welt ouni Grenze virstellen oder si mir op se ugewisen?

  • Däerf een d'Wierk vu sengem Autor trennen?

    Kann een e Konschtwierk nach bewonneren, wann een de Kënschtler als Mënsch veruecht? Oder soll een déi zwou Saachen, d'Schöpfung an hire Schöpfer, vuneneen trennen?

  • Wëssen a Gleewen? 2. Deel

    Firwat gleewe mir Fakenews, och wa mer et besser wësse kéinten a wéi ka sech Wëssen, wat eis d'Liewe bestëmmt, etabléieren?

  • Wat däerfe mer vergiessen?

    Ass et wichteg, wann 75 Joer nom D-Day net all Mënsch weess, firwat den Dag esou genannt gëtt? Kann ee verschidden Saachen vergiessen?

  • Eng besser Welt: Wéi ëmgoe mat Gesellschaftsutopien?

    Wat sinn Utopien a si si haut nach noutwendeg?

  • The Empire Strikes Back?

    Ass d'EU verflicht, hir Wäerter ze exportéieren a sech als Champion vun der Demokratie an der Fräiheet opzestellen? Muss si et net déi ganz Mënschheet dovu profitéieren doen?

  • Wëssen a Gleewen

    Eng Analys vun der Fro, wat Wëssen a wat Gleewen ass. Wéi entsteet iwwerhaapt Wëssen a wat kann ech nach gleewen a wat net?

  • Natioun oder Unioun?

    Nationalismus, Kosmopolitismus, Federalismus? Wat ass ethesch gesi méi vernünfteg? A wat realpolitesch? Natioun oder Unioun - wat ass besser fir d'Géigner vun der EU?

  • Gëtt et eng Flicht ze hëllefen?

    Gëtt et eng Flicht fir Mënschen an Nout ze hëllefen? Soll oder muss ee sech bei der Bekämpfung vun Weltaarmut bedeelegen oder net?

     

  • Ëmweltschutz?

    Eng Analys vun der Fro, wat Ëmweltschutz haut ass?

  • Wéini ass eng Maschinn e Mënsch?

    Wei gi mir mat Maschinnen ëm, déi en eegent Bewosstsinn hunn? Musse mir déi net esou behandelen, wéi Mënschen? Wou ass d'Grenz tëschent Mënsch a Maschinn?

  • Alteritéit

    De Begrëff Alteritéit schwätzt vun eppes, dat esou verschidde vun eis selwer ass, datt mir et net verstoe kënnen. Mee wat genee sollt dat sinn? A wou fanne mir dat?

  • D'Laache vun de Mäerder

    Firwat laachen Terroristen a Massemäerder wärend an no hire schrecklechen Attentater? Wéi soll een dëst Laachen interpretéieren?

  • Leitkultur

    Leitkultur, Multikulturalismus oder Plurikulturalismus - Begrëffer, déi villsäiteg ze verstoe sinn. Wat verstoppt sech dohannert?

Programm

Dossieren

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

  • Literaturfestival "étonnants voyageurs"

    Iwwer de Päischtweekend stoung d'Literatur aus der ganzer Welt, awer och de Film an d'Ausstellungen am Mëttelpunkt an der klenger bretonescher Festungsstiedche Saint Malo.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen