Ronderëm en ausgewielte Sujet proposéiert de radio 100,7 eng Rei interessant Bicher zu der selwechter Thematik. D'Bicher, déi esouwuel aus dem Beräich Literatur, wéi aus dem Domaine vum Sachbuch komme kënnen, gi rezenséiert vun der Kulturredaktioun.
Een Thema, e Buch
Gedichter ronderëm de Mound
Am leschten Deel vun eiser Serie "Een Thema - e Buch" fir dës Saison hunn d'Valerija Berdi an de Michel Delage Gedichter zum Thema Mound zesummegesicht. Apollinaire an Heine, Rimbaud an Albrecht ... eng poetesch a musikalesch Rees bei de Mound ...
Rezent Emissiounen
-
Vum Jeeër zum Gejotenen
Dem Peter Handke säin Don Juan entsprécht net onbedéngt dem Mythos vum Fraeverféierer - waren net vläicht dem Molière an dem Mozart hir déi falsch?
-
John Reed - Ten Days That Shook the World
Eng journalistesch Vue op d'russesch Revolutioun vun engem iwwerzeegten Sozialist.
-
De Lenin ass operstanen!
Mat senger satirescher Novell "La Tête de Lénine" (Ed. Noir sur Blanc) hat de russeschen Dissident Nicolas Bokov 1970 de sowjetesche Regime op d'Schëpp geholl.
-
Alaa El Aswany - J'ai couru vers le Nil
Arabescht Fréijoer zu Kairo - e Roman geschriwwe vun engem revolutionären Zäitzeien.
-
Eng Famill, wéi eng kleng DDR
Fir oder géint de Regime bannent enger Famill, dat thematiséiert de Maxim Leo a sengem Buch "Haltet euer Herz bereit. Eine ostdeutsche Familiengeschichte".
-
Goli Taraghi - Les trois bonnes
Iran am Joer 1979 - Dräi Fraen an hir Revolutiounen ...
-
Romain Butti - Ein Jahr in Berlin
"Du klingst verliebt, hjärtat", sagt Ida und löffelt Milchschaum in ihre Teetasse. "Hast du wen kennengelernt?"
-
Eng Biographie, déi net hält, wat se versprécht
Den Historiker Yves Steichen huet dem Thierry van Wervecke eng Biographie gewidmet, déi leider net hält, wat se versprécht. Liesenswäert ass se trotzdem.
-
Ee rosene feministesche Porno
Mat hirem radikale Roman ''Lust'' hat d'Elfriede Jelinek 1989 ee weidert Beispill fir hir "Literatur der zornigen Auflehnung" geliwwert.
-
Sexuell Versklavung als ultimative Liibesbeweis
De Sado-Maso-Roman "Histoire d'O", deen 1954 ënner dem Pseudonym Pauline Réage verëffentlecht gouf, gëlt als grousse Klassiker vun der erotescher Literatur.
-
John Cleland - Fanny Hill
E schmuelt erotescht Bichelchen aus dem 18. Joerhonnert suergt och haut nach fir Opreegung.
-
D'Wierder an d'Faarwe vun der Natur
D'Wierder feelen eis sief et fir och nëmmen déi banaalste Landschaft ze beschreiwen. Mee dat war net ëmmer esou, stellt den Historiker Romain Bertrand fest.
-
Andrea Wulf - Alexander von Humboldt und die Erfindung der Natur
"Wissen, so Humbolds Überzeugung, musste geteilt und ausgetauscht werden und allen Menschen zur Verfügung stehen."
-
Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit
En neit Buch, erausgi vun der Fondatioun Lydie Schmit, beschreift fir d'éischte Kéier d'Geschicht vun de Schülerzeitungen zu Lëtzebuerg.
-
Charles Barthel - Tous les défis du monde
Den Historiker Charles Barthel retracéiert a sengem Buch d'Grënnung vun der Fédération des Industriels Luxembourgeois.
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen