Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kinnekswiss loves ... Bryn Terfel

Nodeems den Orchestre national de Jazz an den Ensemble Estro Armonico déi lescht Woch d'Ouverture vun der Serie Kinnekswiss loves ... gemaach hunn, huet de leschte Samschdeg Owend de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg am Stater Park beim Glacis gespillt. Den OPL hat zwee Invitéë mat op der Bühn: de walisesche Bass-Bariton Bryn Terfel an déi australesch Sopranistin Lauren Fagan. De Guy Engels hat sech mam Bryn Terfel ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen