Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Nico Helminger iwwer Wicki-Beach an Esch 2022

De Lëtzebuerger Schrëftsteller Nico Helminger ass am Moment net gutt op seng Stad ze schwätze a kuckt och ganz skeptesch op d'Zukunft vun der Europäescher Kulturhaaptstad am Joer 2022. D'Valerija Berdi huet mam Nico Helminger iwwer Wicki-Beach an Esch 2022 geschwat.

Rezent Emissiounen

  • CinEast: Eng Relatioun ouni Kanner ass e Stigma ...

    "Ajvar huet déi gemeinsam Charakteristik vun Immigrantevalissen." Ana Maria Rossi, Regisseurin vum Film "Ajvar".

  • Expo vun New Yorker Graffiti-Gréisst zu Lëtzebuerg

    D'New Yorker Graffiti-Legend COPE 2 stellt am Moment am Sumo senger Galerie aus.

  • CinEast: Mënschenhändler ausgeliwwert

    Mënschenhandel a Schwaarzaarbecht stinn am Mëttelpunkt vum effikasse lettesche Film "Oleg", deen eng verstoppte Realitéit an eiser Gesellschaft opdeckt.
     

  • Der Julie Wagener hire Bléck duerch déi rout Lëns

    D'Illustratrice huet fir den Escher Site "Rout Lëns" 60 Fändelen entworf, déi fir Passante wéi e Flip-Book funktionéiere sollen.

  • CinEast: Kleeder maache Leit

    Den Deuil, d'Schold, d'Kraaft fir ze verzeien: de ganz iwwerzeegende polnesche Film "Corpus Christi" behandelt dës schwiereg Themen op eng originell Aart a Weis.

  • Wäiss a Schwaarz mam Maurice Clement

    An der Pianosemissioun Wäiss a Schwaarz steet dës Kéier d'Improvisatioun am Mëttelpunkt. Invité ass den Organist an Improvisator Maurice Clement.

  • Soziale Wunnengsbau: Table ronde a Vernissage

    Beim Vernissage vun der Ausstellung "is this it" gouf et eng Table ronde mam Thema sozial Wunnengen an der Stad Lëtzebuerg.

  • Nei Filmer

    Och wann de Filmfestival Cineast a seng zweet Woch geet, esou lount sech och de Bléck op déi nei Kinosfilmer.

  • CinEast: Eng Plaz an der Sonn fir Litauen

    Enn 1930er Joren. D'Onofhängegkeet vu Litauen steet op der Kipp. E Geograf weess, wéi een d'Natioun rette kéint. Kritik vum Kompetitiounsfilm "Nova Lituania".

  • Queer Loox

    Haut geet an de Rotonden déi nei Saison fir Queerloox un: eng Handvoll Filmer, an deenen et ëm LGBTQ-Theme geet.

  • Ruth Garbus

    D'Musekerin aus dem Vermont geet op "Kleinmeister" an den Detail.

  • Luxembourg - Arles - Luxembourg

    D'Expo weist Fotokonscht vu Lëtzebuerger Kënschtler, déi fir d'Rencontres d'Arles selektionéiert goufen.

  • Sammelen, erfaassen an zougänglech maachen

    De Centre d'études et de documentation musicales a seng Aufgaben

  • Den Ginger Baker ass dout

    Den tempramentvollen Drummer vun der legendäer britescher Band ronderëm de Eric Clapton ass gëschter am Alter vun 80Joer gestuerwen.

  • Kultur Spezial: Esther Kinsky

    Am Institut Pierre Werner huet déi renomméiert Schrëftstellerin an Iwwersetzerin iwwer d'Bedeitung vun der Iwwersetzung geschwat.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdesmagazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen