Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Manner Nei-Infektioune mam HI-Virus

Zejoert hu sech manner Leit mam HI-Virus infizéiert, wéi nach 2017. Déi éischt Baisse zanter 2013. Dat geet aus dem Rapport d'activité vum Comité fir d'Iwwerwaachung vun AIDS ervir. 43 Nei-Infektioune goufen am Joer 2018 registréiert. Dobäi kéint ee virun allem eng Baisse beim Grupp vun Heterosexuellen an Droge-Konsumente feststellen, esou d'Presidentin vum AIDS-Comité, D'Carole Devaux. D'Nei-Infektioune bei homo- a bisexuelle Persounen soll dem Rapport no dogéint an d'Luucht gaange sinn. Hannergrënn mam Maurice

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen