Invité am Moies-Magazin

Daniel Da Cunha

Bei der 1. Editioun woussten déi Responsabel bestëmmt net, wéi laang dee Festival kéint weider geféiert ginn. Haut des Daags ass gewosst, datt et eng Succès-Story war, haut den Owend 13. Juli 2019 ass schonn déi 16. Editioun. Rieds geet vum Blues-Express zu Lasauvage an dem Fond-de-Gras. An och dëst Joer sinn nees eng helle Wull Museker a Gruppen um Rendez-vous an där ganz spezieller Atmosphär vun den zwou Locations. Iwwer de Blues-Express, iwwer den Ufank bis haut, an natierlech am Detail iwwer déi 16. Editioun geet rieds mam Invité.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen