Een Thema, e Buch

Michel Delage Valerija Berdi

Ronderëm en ausgewielte Sujet proposéiert de radio 100,7 eng Rei interessant Bicher zu der selwechter Thematik. D'Bicher, déi esouwuel aus dem Beräich Literatur, wéi aus dem Domaine vum Sachbuch komme kënnen, gi rezenséiert vun der Kulturredaktioun.

Seef a "Zivilisatioun"

Wann et ëm Hygiene a Propretéit geet, kënnt ee kaum laanscht d'Firma Unilever, ee vun deene gréisste Liewensmëttelkonzerner op der Welt. Ugefaangen huet d'Entreprise Enn vum 19. Joerhonnert mat der Produktioun vu Seefen a Botzproduiten. Gegrënnt gouf se vum Englänner William Hesketh Lever. Virun zéng Joer hat den engleschen Universitär Brian Lewis eng Biographie iwwer den Industrielle geschriwwen, mam Titel: "So Clean. Lord Leverhulme, Soap and Civilization". De Michel Delage huet d'Buch gelies.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • The English guy is coming!

    Jim Kent.jpg

    "I'm really happy to be back on air in the Grand Duchy, which is where it all started for me and will endeavor to fill the airwaves with humorous and insightful observations on Luxembourg life combined with the best guests and music that you have come to expect from 100,7."

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen