Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Martin Elmquist (Dirigent) an Emilie Ballinger (1. Hautbois am Orchester vum CMNord)

Mat Rossini a Beethoven an de Summer

Gëschter (11.7.2019) gouf déi 44. Editioun vum Iechternacher Festival lancéiert, dee sech dëst Joer mat engem neie Gesiicht presentéiert. De fréiere Festival fir klassesch Musek stellt sech méi breet op a leet säi Fokus op Museker wéi de Läb, de Serge Tonnar oder och den Jazz-Ensembel Klein. Seng Racinnen huet de Festival trotzdem net ganz opginn: De Maurice Clement vermëscht d'Kläng vun der Uergel an der Basilika mat der Musek vum Aamar, Napoleon Gold huet sech mat Sträicher zesummegedoen an och den Orchester vum Conservatoire de Musique du Nord trëtt ënner der Direktioun vum Martin Elmquist op (13.7.2019).

Am Interview mam Luc Boentges schwätzt de Martin Elmquist iwwer dëse leschten Optrëtt virun der Summervakanz.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen