Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Den Escher Conservatoire

20 Soiréeën an alle Genren

D'Conservatoirë sinn net just Instituter, wou Musek an Dictioun enseignéiert ginn, si sinn och eng Plattform, wou sech Enseignanten, Schüler an och international Kënschtler produzéiere kënnen. De leschte Freideg (12.7.2019) huet den Escher Conservatoire säi Concertsprogramm fir déi nei Saison 2019/20 virgestallt. An eppes iwwer zwanzeg Eventer komme vill diversifiéiert Museksgenren zu Wuert. Den Direkter vum Escher Conservatoire, de Marc Treinen, war beim Manuel Ribeiro fir e Gespréich zu Gaascht.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen